Chaos Computer Club Lëtzebuerg

De Chaos Computer Club Lëtzebuerg (C3L) ass e lëtzebuergesche Veräin (A.S.B.L.), deen den 23. Mee 2008 gegrënnt gouf. Et ass en Ofleeër vum däitsche Chaos Computer Club (CCC).

Offizielle Logo vum Chaos Computer Lëtzebuerg

De Club huet sech follgend Ziler ginn:

  • Ënnerstëtze vun der Kommunikatiouns- an Informatiounsfräiheet
  • Analyséiere vu Systemer a Warnungen un déi Betraffe schécken
  • Bildung am Beräich vun den neien Technologien am Dateschutz
  • Technesche Virwëtz vu komplexe Systemer ausliewen
  • Fërderung vum fantasievollen a kriteschen Ëmgang mat Technologie
  • Hëllefsstellung a Berodung bei techneschen a rechtleche Froen am Kader vun de gesetzleche Méiglechkeeten.
  • Zesummenaarbecht an Austausch mat nationalen- an internationale Gruppéierungen, deenen hir Ziler mat deene vum Veräi vereenbar sinn.
  • D'Stäipen an d'Stäerke vun de Bierger- a Mënscherechter.

Geschicht änneren

Den 23. Mee 2008 ass de Chaos Computer Club Lëtzebuerg vun enger Grupp vun enger Dosen Hacker offiziell registréiert ginn.

ChaosStuff änneren

Den 11. Juni 2015 huet den C3L mat der Chaosstuff an der Victor Hugo Hall, säin éischten eegenen Hackerspace kritt.

Spriecher a méi bekannt Leit vum C3L änneren

  • Jan Guth
  • Sam Grüneisen

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren