HD 37124 b ass en Exoplanéit, deen de Gielen Zwerg HD 37124 all 154,46 Deeg ëmkreest. Wéinst senger héijer Mass gëtt ugeholl, datt et sech ëm e Gasplanéit handelt.

Entdeckung änneren

Wéi déi meescht vun allen Exoplanéite gouf och den HD 37124 b mat Hëllef vun der Radialvitessmethod fonnt. De Planéit gouf vum Geoffrey Marcy et al. am Joer 1999 entdeckt.

Ëmlaf a Mass änneren

De Planéit kreest ëm säi Stär op enger Distanz vun zirka 0,529 A.E. an huet eng Mass vun zirka 202,8 Äerdmasse respektiv 0,638 Jupitermassen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren