Den HAT-P-4b ass en Exoplanéit, deen de Gielen Zwerg HAT-P-4 all 3,057 Deeg ëmkreest. Wéinst senger héijer Mass gëtt ugeholl, datt et sech ëm e Gasplanéit handelt.

Entdeckung änneren

Anescht wéi déi meescht vun den Exoplanéiten, gouf hie mat der Hëllef vun der Transitmethod entdeckt. De Planéit gouf mam HATNet Projet am Joer 2007 entdeckt.

Ëmlaf a Mass änneren

De Planéit kreest ëm säi Stär op enger Distanz vun zirka 0,0446 Astronomesch Eenheeten an huet eng Mass vun zirka 216,2 Äerdmasse resp. 0,68 Jupitermassen. Säi Radius gëtt op 91.000 Kilometer geschat.

Klima an Zesummesetzung änneren

D'Temperatur um Planéit gëtt op 1227 °C geschat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren