Guy Gehlen

lëtzebuergeschen Handballspiller
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Guy Gehlen, gebuer den 20. Abrëll 1947, ass e fréiere lëtzebuergeschen Handballspiller op der Golkipp-Positioun[1]. Hien huet mam Sport 1959 am Foussball als Golkipp fir Cadetsekipp vun der Jeunesse Esch ugefaangen.

Guy Gehlen
Gebuer 20. Abrëll 1947
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Handballspiller

1963 huet hie bei den Handball gewiesselt a stoung fir den HB Fola am Gol. Knapps ee Joer méi spéit huet hie fir d'Éischt Ekipp vum Escher Veräi gespillt.

Den Optakt vun senger laangjäreger internationaler Karriär an der Handballnationalekipp war am Mäerz 1965 géint Finnland. Vun 1965 bis 1977 (Enn vun senger Karriär) stoung de Guy Gehlen bei 98 Lännerspiller onënnerbrach am Gol.

Nodeems hie sech 1977 aus der Nationalekipp zeréckgezunn hat, huet de Guy Gehlen 3 Joer méi spéit och beim HB Fola, fir deen hien ëm déi aachthonnertmol am Asaz war, opgehale mat spillen.

De Guy Gehlen war och als Schidsriichter am Handball aktiv an huet tëschent 1975 an 1980 vill Spiller an der Jugendliga gepaff. Nom Enn vun senger Karriär als Golkipp 1980, huet hie sech op seng Schidsriichter-Karriär konzentréiert a war bei ëm déi 150 Spiller an der Nationaldivisioun am Asaz.

Wéi säin éischte Jong op Welt koum, huet de Guy Gehlen 1990 dunn och mat der Schidsriichterei opgehalen, fir sech op seng Famill ze konzentréieren.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2017-06-29. Gekuckt de(n) 2017-06-29.