Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ee Gutt ass eng Saach déi enger Persoun gehéiert.

Wuerterklärung änneren

Et ass wichteg den Ënnerscheed tëscht Gutt a Saach ze maachen. Eng Saach kann alles si wat et op der Welt gëtt, egal ob et engem gehéiert oder net, woubäi Gidder nëmme Saache kënne sinn déi an engem sengem Besëtz sinn.

Klassifizéierung vun de Gidder änneren

Et gëtt 8 Kategorien no deenen een d'Gidder klassifizéiere kann.

Konsuméierbar Gidder änneren

  • Konsuméierbar Gidder si Gidder déi nom éischten oder widderhueltem Gebrauch verschwannen.
  • Net Konsuméierbar Gidder si Gidder, déi dem normale Gebrauch Stand halen.

Ersetzbar Gidder änneren

  • Ersetzbar si Gidder déi fräi tauschbar sinn, keen eegene Wäert hunn an no Originn a Quantitéit kënne bestëmmt ginn.
  • Net ersetzbar Gidder si Gidder déi net fräi tauschbar sinn an eng eegen Identitéit a Valeur hunn. Dëst kann zum Beispill ee Bild vun engem Kënschtler sinn.

Haaptgidder änneren

  • Haaptgidder si Gidder déi onofhängeg sinn.
  • Niewegidder si Gidder déi nëmmen nieft engem Haaptgutt kënnen existéieren.

Korporell Gidder änneren

  • Korporell Gidder si Gidder déi ee Kierper hunn an déi een upake kann, mat de Sënne spiere kann.
  • Inkorporell Gidder si Gidder déi een net beréiere kann, wéi zum Beispill d'Mënscherechter.

Kommerziell Gidder änneren

  • Kommerziell Gidder si Gidder déi getosch kënne ginn.
  • Net-kommerziell Gidder si Gidder iwwer déi ee kee Kontrakt kann ofschléissen.

Universell Gidder änneren

  • Universell Gidder si Gidder déi intellektuell zesumme gehéieren a fir déi déi selwecht Reegele gëllen.
  • Eenzel Objete si Gidder tëscht deene keen intellektuellen Zesummenhank besteet.

Mobil Gidder änneren

  • Mobil Gidder si Gidder déi einfach ze beweege sinn oder sech vum selwe kënne beweegen.
  • Immobil Gidder si Gidder wéi de Buedem an déi Saachen déi onopléislech mat him verbonne sinn, z. B. Gebaier.

Privat Gidder änneren

  • Privat Gidder si Gidder déi enger privater Persoun gehéieren.
  • National Gidder si Gidder déi dem Staat oder dem Land gehéieren.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren