Gustav Kolbach

lëtzebuergesche Botaniker

De Gustav Marie Joseph Kolbach, gebuer de 4. Oktober 1889 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 1. Februar 1979 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Medezinner an Amateurbotaniker.[1]

Gustav Kolbach
Gebuer 4. Oktober 1889
Gestuerwen 1. Februar 1979
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker
Famill
Kanner Marie-Thérèse Kolbach
De Gustav Kolbach an d'Thérèse Justine Prim als jonk bestuete Koppel

De Gustav Kolbach goung zu Esch an d'Primärschoul an duerno an de Stater Atheneum, wou hien 1908 de Premièresexame gemaach huet. Duerno huet hien um Cours supérieur an op den Universitéiten Nanzeg a Freiburg im Breisgau Medezin studéiert; seng weider Formatioun huet hien als Assistent zu Bern, Berlin a Bochum gemaach. Säi Lëtzebuerger Doktorat an der Medezin huet hien am Oktober 1913, säin Doktorat an der Gebuertshëllef an an der Chirurgie am Abrëll 1914, bestanen.[2]

Dokter änneren

Den 1. November 1915 huet den Dr. Kolbach seng Praxis am Haus vu sengen Elteren, op der Nr. 20 an der Däitsch-Other-Strooss (elo: Boulevard J.-F. Kennedy Nr. 110) zu Esch-Uelzecht opgemaach.

Dat Haus huet virdrun dem C.M. Spoo gehéiert; dem Kolbach seng Elteren haten et direkt nom Doud vum Spoo, deen de 17. Mäerz 1914 gestuerwe war, kaaft. D'Haus stoung de 25. Juli 1937 am Mëttelpunkt vun der Spoofeier, déi deemools vun der Gesellschaft “d'Hémechtssprooch” zu Esch fir dem Spoo säin 100. Gebuertsdag organiséiert gi war.[2]

Den Dr. Kolbach huet an deem Haus bis an d'1970er Jore praktizéiert.[2]

Famill änneren

Dem Gustav Kolbach säi Papp war de Pierre Kolbach, gebuer den 18. Abrëll 1853 am Rollengergronn a gestuerwen de 25. Februar 1933 zu Esch. Hie war “caissier principal” vun der "Société métallurgique Aachener Hütte”. Dem Dr. Kolbach seng Mamm war d'Maria Hartmann, d'Duechter vum Iechternacher Bäcker Willibrord Hartmann; si ass zu Iechternach, de 17. Februar 1854 op d'Welt komm an den 11. November 1926 zu Esch gestuerwen.[2]

Dem G. Kolbach seng Fra war d'Thérèse Justine Prim, d'Duechter vum Gierwer Jean Pierre Prim aus der Fiels. Si ass de 16. Mee 1890 an der Fiels op d'Welt komm an de 17. Abrëll 1964 zu Esch gestuerwen. D'Koppel, déi sech den 9. Juli 1917 an der Fiels bestuet hat, hat dräi Meedercher: Marie-Thérèse (1918-2009), Berthe (1921-2017)[3], Irène (*1929).[2]

Amateurbotaniker änneren

Den Dr. Kolbach huet sech fir d'Botanik intresséiert. A sengem Herbarium, deen hien als Schüler respektiv Student ugeluecht hat, ware méi wéi 500 Planzenaarten, wouvun déi meescht warscheinlech tëscht 1907 an 1910 gesammelt goufen. De Paul Diederich, deem den Herbarium vun der Marie-Thérèse Juchem-Kolbach uvertraut gouf, huet am Joer 1981 eng Lëscht mat deenen intressantsten Aarten aus deem Herbarium publizéiert.[4]

Literatur änneren

  • Diederich, P., 1981. L'herbier Gustave Kolbach. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 83-84 (1978-1979), S. 3-5. [1]
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Eigenverlag, Luxemburg, S. 653-1342 (G. Kolbach: S. 866-867).
  • Massard, J.A. & R. Thill, 2011. Gustav Kolbach, Arzt und Botaniker. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 112 (2011), S. 9-24. [2]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Massard & Thill 2011, Kugener 2005.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Massard & Thill 2011.
  3. D'Berthe Kolbach, gebuer den 29. August 1921 a gestuerwen de 25. November 2017, war mam Fernand Wantz (19.08.1916 - 05.11.2020) bestuet (Luxemburger Wort 2020-11-07, S. 68, Avis mortuaires: Jacques Fernand Wantz).
  4. Diederich 1981.