De Guillaume Stomps, gebuer den 20. Mee 1855 zu Bonn, a gestuerwen de 24. Februar 1927[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e Geschäftsmann an Editeur.

Guillaume Stomps

Hien hat deemools dat gréisst Museksgeschäft am Land a war deen éischten Museksediteur. A sengem Verlag koumen all Operette vum Dicks eraus, mat Text a Partitur fir Piano; Aus der Heemecht, eng Sammlung vu Lëtzebuerger Lidder, Stécker vum Friedrich Wilhelm Engelhardt, an nach méi.

D'Partitur-Hefter goufen zu Leipzig gedréckt, well zu Lëtzebuerg keen Drécker war, deen dat drécke konnt.[2]


Referenzen änneren

  1. [1] Doudesannonce]. Gekuckt de(n) 29 dez 2021.
  2. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Evy Friedrich: Kalennerblieder 3. Editions Jean-Pierre Krippler Muller, 1981, S 63.