Guillaume Augustin
lëtzebuergesch-belschen Offizéier
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Zaldot an der Belscher Arméi, Guillaume Augustin. Fir de Jurist a Politiker mat änlechem Numm, kuckt wgl. Guillaume-Mathias Augustin. |
De Guillaume Augustin, gebuer de 14. Juni 1860 zu Veianen[1] a gestuerwen de 15. August 1895 zu Ngandu (Gandu) am Kongo, war en Zaldot an der Belscher Arméi.
Guillaume Augustin | |
---|---|
Gebuer |
14. Juni 1860 Veianen |
Gestuerwen |
15. August 1895 Ngandu |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Offizéier |
Hien ass 1876 an déi Belsch Arméi agetrueden. 1893 gouf hien als Offizéier an d'Arméi (Force publique) vum État indépendant du Congo versat, eng Kolonie, déi dem Belsche Kinnek Leopold II. säi Privatbesëtz war.
Hien huet un der militärescher Eruewerung vum Kongo deelgeholl. De 15. August 1895 koum hie bei der Revolt vun de Batetela vu Luluabourg zu Ngandu ëm d'Liewen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 8. Abrëll bis de 6. November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ De Guillaume Augustin um Site www.deltgen.com