D'Guig Jost ass eng lëtzebuergesch Grafikerin, Dréibuchauteurin a Regisseurin.[1]

Guig Jost
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Graveur, Dréibuchauteur, Theaterregisseur

No hirem Studium op der Bréisseler Konschtakademie huet d'Guig Jost sech als selbststänneg Grafikerin zu Lëtzebuerg etabléiert.

Zanter den 1990er ass si och Regisseurin vun Theaterproduktiounen an der Escher Kulturfabrik, am Kapuzinertheater an am Théâtre du Centaure.

Zesumme mat der Bady Minck ass si Co-Auteur vum Dréibuch fir d'Spillfilmer 1313 - Dem Dante säi Keeser.

Si huet och eng Episode vun der Doku-Serie routwäissgro (Vanda) realiséiert.

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche op rtl.lu, routwäissgro.