Guiden zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gëtt et véier Guideverbänn
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS)
- Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg (FNEL)
- Association des Girl Guides luxembourgoises (AGGL)
- Europa Scouten vu Lëtzebuerg (ESL)
D'LGS an d'AGGL si Member an der World Association of the Girl Guides and Girl Scouts (WAGGGS) an d'ESL ass Member an der chrëschtlecher Union Internationale des Guides et Scouts d'Europe, wou d'Gruppen nach traditionell op Jongen a Meedercher opgedeelt ginn. D'FNEL nennt sech selwer Scouten a Guide-Verband, awer ass nëmme Member an der World Organization of the Scout Movement. Tëschenzäitlech gouf et och e Grupp vun de Royal Rangers zu Lëtzebuerg.
De Guidissem gouf vun der Agnes Baden-Powell gegrënnt, orientéiert sech a senger ursprénglecher Form streng um chrëschtleche Glawen an ass nëmme fir Meedercher reservéiert. De männleche Pendant ass de Scoutissem.