Guelph ass eng Stad am Südoste vun Ontario a Kanada.

D'Stad läit am Wellington County, ongeféier 100 km südwestlech vun Toronto, an huet ronn 120.000 Awunner.

Guelph gëtt zanter Joren zu der Stad gewielt wou et sech a Kanada, wéinst der niddreger Aarbechtslosen- a Kriminalitéitsquot, am beschte lieft.

Guelph krut den Numm zu Éiere vun der brittescher Kinneksfamill. Dem George IV., Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich a vun Hannover, seng Virfuere stamen nämlech vum Adelsgeschlecht vun de Welfen, op Englesch och alt Gelfe genannt, of. Dohier huet d'Stad och de Spëtznumm The Royal City (lb: déi kinneklech Stad).

Um Spaweck änneren

Commons: Guelph – Biller, Videoen oder Audiodateien