Guardian Industries Corp. ass eng US-amerikanesch industriell Entreprise, déi international aktiv ass. Si ass ee vun de weltwäite Leaderen an der Produktioun vu Flaachglas, fäerdege Glasprodukter a Glasfaserisoléierung a schafft och an der Distributioun vu Baumaterialien. Si ass an Nord- a Südamerika, Europa, Asien an am Noen Osten aktiv.[1] Zanter 2017 gehéiert d'Kapital zu 100% Koch Industries vun de Bridder Charles an David Koch. Den europäesche Sëtz vu Guardian war bis 2016 zu Nidderkäerjeng, zanterhier ass en zu Bartreng.[2]

Guardian Industries Corp.

Logo vu Guardian Industries
Typ Privat
Grënnungsdatum 1932
Sëtz Auburn Hills, Michigan,  USA
Mataarbechter 17 000 weltwäit (2015?)[1]
1 200 zu Lëtzebuerg (2015)
Branche Industrie
Produit Glas
Homepage www.guardian.com
www.guardian.lu

Geschicht änneren

Guardian gouf 1932 als Guardian Glass Company gegrënnt a war deemools eng Firma, déi viischt Fënstere fir d'Autosindustrie produzéiert huet.

1970 gouf déi éischt Fabrick fir Flaachglas ("Floatglas") am Bundesstaat Michigan opgemaach. 2015 hat Guardian 28 där Fabricken op der Welt.[1] An den 1980er huet d'Entreprise ugefaange sech ze diversifizéieren a mat der Produktioun vu Glasfaserisoléierung ugefaangen.

Den 11. Juli 1980 gouf a Presenz vum William Davidson, dem Grënner vu Guardian, an dem Wirtschaftsminister Gaston Thorn de Grondstee fir de Bau vum Wierk Luxguard zu Nidderkäerjeng geluecht. Et war dat éischt Wierk vu Guardian an Europa an eng exakt Kopie vum Wierk zu Kingsburg an den USA. Mat der Produktioun am Wierk gouf den 21. November 1981 ugefaangen.[3] Duerno sinn nach weider Wierker an Däitschland, Spuenien, England, Ungarn a Polen opgemaach ginn.

1988 ass d'Wierk Luxguard II zu Diddeleng opgaangen.[4] Véier Joer méi spéit huet Guardian Industries nach en anert Wierk zu Gréiwemaacher opgemaach (Guardian Automotive E.S.A.), wat 2014 awer erëm verkaaft ginn ass.[5],[6]

1998 huet d'Entreprise d'Firma Builder Marts of America (BMA) an 2000 Cameron Ashley Building Products (haut Guardian Building Products Distribution) kaaft an domat d'Presenz vu Guardian am Beräich vun der Distributioun vu Baumaterial gestäerkt huet.

Den 1. Juli 2015 huet Guardian säin neien europäesche Sëtz mat 120 Employeën zu Bartreng ageweit.[7] Op hirer Websäit huet Guardian 2015 uginn, 1200 Leit zu Lëtzebuerg ze beschäftegen.[8]

Am Summer 2020 huet Guardian ugekënnegt, d'Fabrick zu Diddeleng (Luxguard II) zouzemaachen; et géif sech net méi rentéiere fir an en neien Uewen z'investéieren. Eng 200 Aarbechtsplaze goungen doduerch verluer. Zur selwechter Zäit sinn zu Czenstochowa a Polen an zu Orosháza an Ungarn nei Fabrécken opgaangen, ë. a. well do grouss Produzente vun Aluminiumsfënsteren hire Sëtz hunn.[2]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Geschicht op der Websäit vu Guardian (gekuckt den 1. Juli 2015)
  2. 2,0 2,1 Bernard Thomas: "Going, Going, Gone." d'Lëtzebuerger Land Nr.35, 28. August 2020, S.2-3.
  3. industrie.lu: Luxguard I S.A. (gekuckt den 1. Juli 2015)
  4. industrie.lu: Guardian Luxguard II S.A. (gekuckt den 1. Juli 2015)
  5. industrie.lu: Automotive Glass Plant (gekuckt den 1. Juli 2015)
  6. Lëtzebuerger Journal: Luxguard übergibt an Central Glass (24. Sepemtber 2014)
  7. guardian.com: Guardian Europe moves to new HQ in Bertrange, Luxembourg (gekcukt den 1. Juli 2015)
  8. guardian.lu: As much as we'd like to know about you, there's probably a lot you want to know about us. (gekuckt den 1. Juli 2015)