Grouss Séien (Afrika)

System vu grousse Séien an Ostafrika
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Grousse Séien an Afrika. Fir déi an Nordamerika, kuckt wgl. Grouss Séien (Nordamerika).
Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Déi Grouss afrikanesch Séie sinn e System vu Séien an Ostafrika, déi u verschidde Länner grenzen, haaptsächlech u Burundi, d'Demokratesch Republik Kongo, Uganda a Ruanda.

Kaart mat den Grousse Séien an Afrika (fr)

Se leien an Nord-Süd-Richtung am ëstlechen Deel vum afrikanesche Kontinent, ongeféier tëscht dem 30. a 35. Meridian, op der Héicht vum Equator, tëscht 5° Nord a 15° Süd.

Wann een all d'Séien an der Regioun a Betruecht hëlt, ass hei d'Top-Ten, klasséiert no der Fläch
Séi Fläch [km²] Max. Déift [m] Leeft an … Gehéiert zu …
Victoriaséi1 68.100 83 Nil Kenia, Tansania, Uganda
Tanganjikaséi 32.900 1.433 Kongo Burundi, Demokratesch Republik Kongo, Sambia Tansania
Malawiséi 30.900 706 Sambesi Malawi, Mosambik, Tansania
Turkanaséi 6.405 109 ouni Offloss Ethiopien, Kenia
Rukwaséi2 5.760 5 ouni Offloss Tansania
Albertséi1 5.270 51 Nil Demokratesch Republik Kongo, Uganda
Mweruséi 5.120 27 Kongo Demokratesch Republik Kongo, Sambia
Kiwuséi 2.700 485 Kongo Demokratesch Republik Kongo, Ruanda
Eduardséi1 2.150 117 Nil Demokratesch Republik Kongo, Uganda
Kyogaséi 1.720 5,7 Nil Uganda

* 1: Deelweis gëtt just de Viktoria-, den Albert- an den Eduardséi zu de Grousse Séie gezielt, well se déi eenzeg sinn, déi an de Wäissen Nil fléissen.
* 2: De Rukwa- a Mweruséi leien zwar a der Géigend vum Tanganjikaséi a si méi grouss wéi den Eduardséi, zielen awer meeschtens net derzou.

Um Spaweck

änneren
Commons: Grouss Séien (Afrika) – Biller, Videoen oder Audiodateien