Grimoald den Eeleren

fränkeschen Hausmeier

De Grimoald den Eeleren, gebuer géint 615, a gestuerwen 656/657 oder 662 zu Paräis, war e fränkeschen Hausmeier aus der Famill vun de Karolenger resp. Pippiniden, Jong vum Pippin dem Eeleren.

No engem kuerze Machtkampf huet de Grimoald 643 d'Amt vum Hausmeier vu sengem Papp, dee 640 gestuerwe war, iwwerholl. Bis zum Doud vum Dagobert I., 638 oder 639, hat den Erzéier vum Sigibert III., den Otto, dëst Amt. An enger Schluecht géint d'Thüringer hat de Grimoald dem jonke Kinnek d'Liewe gerett a sou säi Vertraue gewonnen. 642/643 huet de Grimoald den Otto, den Hausmeier, doutmaache gelooss a gouf 643 selwer Hausmeier. An de Joren duerno huet de Grimoald praktesch vëlleg selbststänneg amplaz vum Kinnek d'Regierungsaffäre geleet.

Well de Sigibert III. jorelaang keng Kanner hat, wollt de Grimoald hien iwwerrieden, säin eegene Jong als Childebertus adoptivus (also ënner engem Merowenger-Numm) z'adoptéieren. Mä schlussendlech koum dach e Jong op d'Welt, den Dagobert, dee vu sengem Papp als säin Nofollger proklaméiert gouf. De Grimoald gouf säin Erzéier. Wéi de Sigibert bis dout war, huet de Grimoald den Dagobert 656 an Irland an e Klouschter gestach. Säin eegene Jong konnt domat Kinnek vun Austrien ginn.

Hie schéngt als Childebert (III.) adoptivus, an Austrasien sechs Joer laang, bis zu sengem Doud 662 unerkannt gewiescht ze sinn. Mä de Grimoald gouf wéinst senger Dot vum Sigibert sengem Brudder Chlodwig II., dee Kinnek vun Neustrien war, gefaange geholl, op Paräis brénge gelooss an do 656 oder 657 am Prisong hiriichte gelooss.

Domat war d'Dynastie vun de Pippinide sou gutt wéi ausgestuerwen. Mä dem Grimoald seng Sëschter Begga hat den Ansegisel, de Jong vum Arnulf vu Metz bestuet, an hire Jong, de Pippin de Mëttelsten, konnt spéider nees d'Muecht am Frankeräich iwwerhuelen (wéinst sengem Papp gëtt d'Famill awer Arnulfinger genannt).

De Grimoald huet d'Abteie vu Stavelot a Malmedy gegrënnt.

Literatur änneren

  • Matthias Becher: Der sogenannte Staatsstreich Grimoalds. Versuch einer Neubewertung, in: Karl Martell in seiner Zeit, hg. von J. Jarnut/U. Nonn/M. Richter/M. Becher/W. Reinsch, Sigmaringen 1994, S. 119–147.