De Pippin den Eeleren oder Pippin vu Landen, gebuer géint 580, a gestuerwen 640 war vu 615/625 un fränkeschen Hausmeier an Austrien ënner dräi Merowenger-Kinneken. Hie gëllt als de Grënner vun der Famill vun de Karolenger, resp. de Pippiniden.

Säi Liewen

änneren

Mer wësse souzesoen näischt iwwer dem Pippin seng Virfahren.

613 huet hien zeumme mam Bëschof Arnulf vu Metz an aneren austraseschen Adlegen an e Muechtkampf ënner de Merowenger agegraff, andeems en den neustresche Kinnek Chlothar II. géint d'Wittfra vum Kinnek Sigibert I., d'Brunichild, déi an Austrasien an an der Bourgogne geherrscht huet, zu Hëllef geruff huet. Nodeem se ofgesat gi war, huet de Chlothar am ganze Frankeräich geherrscht, huet awer missen, am Edictum Chlotharii d'Muechtpositioun vum austraseschen Adel unerkennen.

623 ass dem Chlothar säi 15järege Jong Dagobert I. zum Ënnerkinnek an Austrasien ernannt ginn. De Pippin gouf e wichtege Conseiller an huet spéitstens 625 formell den Titel vum Hausmeier ugeholl.

Mä de Chlothar II. ass 629 gestuerwen, a säi Jong Dagobert I. ass an Neustrien gaange fir d'Herrschaft iwwer d'Gesamträich z'iwwerhuelen. De Pippin huet zwar den Titel als austraseschen Hausmeier gehalen, mä konnt dës Funktioun net op Dauer ausfëllen. 635 huet e seng Duechter Begga mam Arnulf vu Metz sengem Jong Ansegisel bestuet, a sou d'Unioun mam Arnulf verstäerkt.

Wéi dann den Dagobert I. 638 oder 639 gestuerwen ass, ouni Jongen zu hunn, déi scho fäeg gewiescht wieren, ze regéieren, konnt de Pippin, mat Hëllef vum austraseschen Adel, seng Uspréch op seng héich Plaz nees stellen.

Mä schonn 640 ass de Pippin den Eelere gestuerwen.

De Pippin war mat enger Itta oder Iduberga bestuet, (gebuer 592, gstuerwen 652) déi 640 d'Klouschter Andenne gestëft huet. D'Koppel hat 4 Kanner:

Kuckt och

änneren