De Grimoald (oder Grimaud) II.; och de Jonken; lat. Grimoaldus, gebuer ëm 680 an erschloen am Abrëll 714 an der Kierch St. Lambert zu Léck, war e Jong vum Pippin de Mëttelsten an der Plektrudis an en Urenkel vum Arnulf vu Metz, an en Hallefbrudder vum Karl Martell.

Grimoald de Jonken
Titelen
Biographie
Gebuer onbekannt
onbekannt
Gestuerwen Abrëll 714 jul.
Léck
Papp Pippin de Mëttelsten
Mamm Plektrud
Geschwëster Karl Martell, Drogo vun der Champagne

Hie war Hausmeier vun Neustrien (zirka 697 - Abrëll 714) an Dux (Herzog) vun der Bourgogne an/oder vun der Champagne (708 - Abrëll 714). Hie war mat der Theudesinda, der Duechter vum Frisefürst Radbod, bestuet an hat e Jong, den Theudoald († wuel 741), deem seng Mamm onbekannt ass, an dee 714/715 och Hausmeier war.

De Grimoald gouf vun engem gewësse Rangar erschloen, engem Handlanger vum Herzog vu Frisland, wéi e beim Graf vum Helege Lambert gebiet huet. Hien ass zu Léck begruewen.

Literatur

änneren
  • Schieffer, Rudolf: Die Karolinger, W. Kohlhammer Druckerei GmbH + Co. Stuttgart, 2000, S. 19-23,26 und 58

Um Spaweck

änneren