D'Plektrud(is), och Bliktrud, gebuer géint 650, a gestuerwen 717 oder 725, war eng austresch Adeleg. Si ass eng Helleg vun der kathoulescher Kierch[1].

Hire Papp war de Pfalzgrof Hugobert, hir Mamm d'Irmina vun Oeren an hir Sëschter d'Äbtissin Adela von Pfalzel bei Tréier. Ëm 670/675 huet se de karolengeschen Hausmeier Pippin de Mëttelsten (och den Décken oder vun Herstal genannt) bestuet. Vun him hat se zwéi Jongen, den Drogo an de Grimoald de Jonken. Allebéid krute se vum Pippin wichteg Ämter. Wéi de Pippin sou gutt wéi um Stierwe louch, huet d'Plektrud probéiert, hiren Enkelen (béid Jonge waren du schonn dout) d'Successioun ze sécheren. De Pippin hat nämlech och nach e Kand mat der Chalpaida (Alpaid) vu Bruyères, de Karl, dee spéider als Karl Martell sollt bekannt ginn. D'Plektrud huet hien dofir zu Köln aspäre gelooss. Hie konnt awer vun do fortlafen, huet sech eng Arméi zesummegestallt an domat d'Plektrud dozou gezwongen, seng Rechter unz'erkennen (717).

D'Plektrud huet St. Maria im Kapitol zu Köln gestëft, wou se, sou gëtt ugeholl, och begruewe läit.

Literatur änneren

  • Konecny, Silvia: Die Frauen des karolingischen Königshauses: Die politische Bedeutung der Ehe und die Stellung der Frau in der fränkischen Herrscherfamilie vom 7. bis zum 10. Jh., Wien: VWGÖ, 1976.
  • Schieffer, Rudolf: Die Karolinger, W. Kohlhammer Druckerei GmbH + Co. Stuttgart, 2000, S. 23,31-33,35-38,40

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Plektrud – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2016-04-12. Gekuckt de(n) 2016-06-24.