Grand-Hornu

Fréier Kuelegrouf

De Grand-Hornu ass e fréieren Industriekomplex fir Kuelenexploitatioun an der Gemeng Boussu am Borinage, eng ronn 10 Kilometer westlech vu Mons am belschen Hainaut.

Grand-Hornu
Land Belsch
Gemeng Boussu
Plaz Hornu
Koordinaten 50° 26’ 07.01’’ N
      03° 50’ 21.98’’ O
Fläch 15,86 ha
Architekt(en) Bruno Renard
Statut Partie vun engem UNESCO Weltkulturierwen,
exceptionell Gebaier a Wallounien,
klasséiert Monumenter a Wallounien

De Grand-Hornu War d'Iddi vum Idustriellen Heni De Gorge deen do vun 1810 un, Industriegebaier opgeriicht huet déi am Baustil den Abteie geglach hunn, mat niewendrunn 425 Aarbechterwunnengen. Dat Ganzt hat als Mëttelpunkt eng grouss oval Plaz vun 140 × 80 Meter ëm déi d'Verwaltungsgebaier an Ateliere gebaut waren. Um Grand-Hornu hunn déi Zäit ëm déi 1500 Mineure geschafft mat enger Joresproduktioun vun 150.000 Tonnen. Ëm déi oval Plaz ware Stroossen an engem rechtege Plang ugeluecht. D'Haiser an der Cité haten all e Gaart. Si haten op der Face eng Breet vun 8-10 Meter an eng Déift vu 6 Meter bei enger Héicht vun 9,5 m. D'Aarbechter hunn e Loyer vun 1,6 Frang an der Woch bezuelt wat e bësselche manner wéi een Doloun war. D'Haiser haten alleguer waarmt a kaalt Waasser, dat vun den Dampmaschinne geliwwert gouf déi d'Waasser aus de Galerië gepommpelt hunn. Dernieft gouf et eng Schoul, e Musekskiosk, en Bibliothéik, eng Pompjeeskasär, Geschäfter an deenen d'Aarbechter konnten zu reduzéierte Präisser akafen, e Spidol, en Danzsall, eng Badeanstalt a souguer de Kierfecht war mat ageplangt.

Wéinst den Decisioune vun der CECA déi d'Kuelenindustrie rationaliséiere wollt gouf de Grand-Hornu 1954 zougemaach an alles huet ugefaangen ze verfalen. 1969 hat souguer en Arrêté royal bestëmmt datt alles soll ewechgerappt ginn. Datt ass awer net direkt geschitt, soudatt 1971 den Architekt Henri Guchez vun Hornu d'Industrieruin konnt opkafen. Deen huet direkt mat Konsolidéierungs- a Restauratiounsaarbechten ugefaangen. Definitiv goufen d'Gebaier gerett wéi d'Provënz Hainaut den 21. Juni 1989 iwwer d'ASBL Grand-Hornu Images alles opkaaft huet, fir aus der Plaz e kulturellen an ekonomeschen Entwécklungspol ze maachen.

Kuckt och änneren