Grönlandhond

Hondsrass
Grönlandhond
FCI - Standard Nr. 274
Hierkonft Kanada
Klassifikatioun FCI
  • Grupp 5
  • Sektioun 1
Faarwen
Héicht um Genéck Ridd: > 60 cm

Mudder: > 55 cm

Gewiicht net festgeluecht
Lëscht vun den Hondsrassen

De Grönlandhond ass eng Hondsrass aus Grönland, déi vun der FCI ënnert der Klassifizéierung Gr. 5, Sek. 1, Standard-Nummer 274 gefouert gëtt. D'Rass zielt zu de Polarhënn dee sech duerch seng Kraaft, Zéiegkeet an Ausdauer charakteriséiert.

Grönlandhënn zéien e Schlitt zu Kulusuk, Grönland.

De Grönlandhond gehéiert zu den eelsten Hondsrassen. Fir d'Inuit war en iwwerliewenswichteg, gouf vun hinne scho säit Joerhonnerten als Transport- a Juegdhond, an och alt emol a schlechten Zäiten als Iessensreserv, gebraucht.

D'Grönlandhënn koumen och bei munneche Polarexpeeditioune vu westleche Fuerscher als Schlittenhënn zum Asaz, wéi beim Robert Edwin Peary oder de Roald Amundsen.[1]

Grönlandhënn ginn iwwer 60 cm grouss an hunn en duebele Pelz: eng dicht a mëll Ënnerwoll, an dicht, glat a graff Deckhoer. Dës kënne verschidde Faarwen hunn.

D'Ouere si kleng, dräieckeg, mat ronne Spëtzten a sti stramm an d'Luucht. Den décken, buuschtege Schwanz steet no uewen an ass am Bou iwwer dem Réck gekrëmmt.

Um Spaweck änneren

Commons: Grönlandhond – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Informationen über den Grönlandhund Archivéiert op 2015-04-30. Gekuckt de(n) 2021-02-02.