De Goldkäschtebam, Castanopsis chrysophylla [Hook.] DC., oder Chrysolepsis chrysophylla, fr: Chinkapin, ass e Bam aus der Famill vun de Bicheplanzen (Fagaceae) deen an Europa nëmmen a ganz waarme Lage ka geplanzt ginn.

Goldkäschtebam
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Fagales
Famill Bicheplanzen
Gattung Castanopsis
Wëssenschaftlechen Numm
Castanopsis chrysophylla
Hook. , DC.

Doheem ass en am Weste vun den USA, am Oregon an a Kalifornien. Et ass e klenge Bam dee jee no Standuert och alt nëmme sou grouss wéi en Trausch gëtt. Seng Schëtz sinn hell goldgréng, mat ganz réngen Hoer um Blat, dat wann et méi al ass, op der ieweschter Säit en brongelzeg Faarf kritt. D'Blieder sinn deck a liedereg, ongeféier 6 x 2 cm grouss.

Et ass een ëmmergrénge Bam, deem seng Friichten eréischt am zweete Joer zeideg ginn. Si stinn a Bëschelen bis zu 10 beienneen, an hir Schuel ass pickeg. Si sinn 3–5 cm déck.

An Europa kann een der am botanesche Gaart vun Edinburgh gesinn.