Goes

Uertschaft an der Gemeng mam selwechten Numm


Goes [xu:s] ass eng Stad a Gemeng am Südweste vun Holland, op der fréierer Insel Zuid-Beveland, an der Provënz Zeeland. D'Gemeng hat ufanks 2023 ronn 39.000 Awunner, wouvun der ronn 30.000 an der Stad selwer liewen.

Goes
Land Holland
Awunner 38.950 (2022)
Fläch 15,385 km²
Koordinaten 51°30'N, 3°53'O
Telefonszon 0113
Postcode 4460–4483

Uertschaften an der Gemeng änneren

Uertschafte mat iwwer 1.000 Awunner an der Gemeng sinn: Kloetinge, Wolphaartsdijk, 's- Heer Arendskerke, 's- Heer Hendrikskinderen. Ausserdeem gëtt et nach eng Rëtsch méi klenger.

Geschicht änneren

Goes ass am 10. Joerhonnert entstanen. Schonn am 12. Joerhonnert goufe Mäert do ofgehalen. 1405 krut Goes d'Recht op eng eege Jurisdiktioun. 1417 huet d'Jakobäa vu Bayern Goes d'Recht ginn, eng Stadmauer ze bauen. 1554 ass d'Stad mat hiren Holzhaiser verbrannt a gouf duerno nees opgebaut. Am Achtzegjärege Krich ass Goes 1577 an d'Hänn vun den Hollänner gefall. Dës hunn d'Stad befestegt. 1868 gouf d'Eisebunn gebaut, an 1980 gouf eng Zone industrielle amenagéiert (ë. a. eng grouss Frittefabréck).

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

(Quell:Statline)

Kuckeswäertes änneren

  • D'Alstad mat schéinen Haiser aus dem 17. an 18. Joerhonnert; d'Kierch an d'Stadhaus.
  • De Musée HMDB (Historisch Museum der Bevelanden).

Um Spaweck änneren

Commons: Goes – Biller, Videoen oder Audiodateien