Glenelg (Mars)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Buedemformatioun um Planéit Mars. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Glenelg. |
De Glenelg ass eng Buedemformatioun um Planéit Mars. Si ass am Marskrater Gale ongeféier 400 m südëstlech vun der Landeplaz vun der Raumsond Curiosity. Bei der Buedemformatioun handelt et sech ëm eng Plaz, op där dräi verschidde geologesch Formatiounen zesummestoussen. Verschidde Fielsdeeler leien do iwwereneen. Glenelg gehéiert zu den éischten Ziler, déi de Marsroboter ënnersiche soll.
Am Glenelg koum fir déi éischt Kéier de Buerer vum Rover an den Asaz. Um Wee dohin, goufe Buedem- a Gestengsprouwe gesammelt. Duerno goung de Wee no engem Mount op e 5 km héije Bierg weider.[1]
Biller
änneren-
Kaart vum Curiosity senger Streck um Mars (12 Juni 2013) (3-D).
-
Siicht vum Curiosity-Rover op den Areal vum Glenelg - wou dräi verschidde Gebidder zesummestoussen (19. September 2012).
-
De Burwash-Fiels um Mars - opgeholl vun der Machli Kamera um Curiosity Rover (29. Oktober 2012)
-
Den Et-Dann - Fiels um Mars - fotograféiert vun der Machli Kamera um Curiosity Rover (29. Oktober 2012).
-
De Shaler Fielsvirspronk an der Géigend vum Glenelg Gebitt um Mars - opgeholl vun der MastCam um Curiosity Rover (7. Dezember 2012).
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ (de) Marsrover „Curiosity“ – Glenelg op focus.de, ofgeruff 20. August 2012.