Giuseppe Conte

italieenesche Politiker

Den Giuseppe Conte, gebuer den 8. August 1964 zu Volturara Appula, ass en italieenesche Jurist a Politiker (ouni Partei). Hie war vum 1. Juni 2018 bis den 13. Februar 2021 President vum Ministerrot (d.h. Ministerpresident) vun Italien.

Giuseppe Conte
Gebuer 8. August 1964
Volturara Appula
Nationalitéit Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Jurist, Politiker, Akademiker, Affekot
Partei Onofhängeg
Member vun Association Henri Capitant des amis de la culture juridique française

Hien ass Professer fir Privatrecht op der Universitéit Florenz an op der Universitéit LUISS zu Roum, an ass als Affekot um Barreau vun der Corte Suprema di Cassazione ageschriwwen.

Politik änneren

No de Parlamentswale vum 4. Mäerz 2018 huet de Staatspresident Sergio Mattarella d'Delegatioune vum Movimento 5 Stelle a vun der Lega Nord den 21. Mee 2018 dermat chargéiert, eng Regierung ze forméieren. Hir Spëtzekandidate Matteo Salvini a Luigi Di Maio hunn den Giuseppe Conte als neie Ministerpresident proposéiert. Den 23. Mee 2018 krut de Conte offiziell vum Staatspresident d'Charge fir eng Regierung ze forméieren. Den 1. Juni 2018 huet de Matarella d'Regierung vum Conte, déi aus 18 Ministere besteet, ernannt. De 5. a 6. Juni 2018 hunn de Senat an d'italienesch Chamber der Regierung hiert Vertrauen ausgesprach.

Um Spaweck änneren

Commons: Giuseppe Conte – Biller, Videoen oder Audiodateien