De Francesco Cossiga, gebuer de 26. Juli 1928 zu Sassari a gestuerwen de 17. August 2010 zu Roum, war en italieenesche Politiker.

Francesco Cossiga
Gebuer 26. Juli 1928
Sassari
Gestuerwen 17. August 2010
Roum
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Università Cattolica del Sacro Cuore
Aktivitéit Politiker, Jurist, Universitéitsprofesser
Partei Democrazia Cristiana

De Francesco Cossiga huet sech fréi politesch engagéiert. Mat 17 Joer gouf hie Member vun der chrëscht-demokratescher Partei Democrazia Cristiana (DC), déi nom 2. Weltkrich e puer Joerzéngte laang stäerkste Partei an Italie war. Hien huet Droit studéiert, an nom Ofschloss dovun déi heite politsch Funktiounen ausgeübt:

  • Deputéierten am italieenesche Parlament;
  • Inneminster (Ministro dell'Interno);
  • Staatssekretär fir Verdeedegung;
  • Ministerpresident (Presidente del consiglio dei ministri) vum 5. August 1979 bis den 18. Oktober 1980;
  • Senatspresident (Presidente del Senato della Repubblica)
  • President vun Italien (Presidente della Repubblica) vu 29. Juni 1985 bis 1992;
  • Senator op Liewenszäit.

Als Staatspresident huet hien nom Fall vum Eisene Rideau probéiert, den Antagonismus an Italien tëscht der kommunistescher Partei, der PCI, an op der aner Säit de DC, opzebriechen, dee joerzéngtelaang d'politscht Geschéien dominéiert a skleroséiert hat.

Nodeem d'DC duerch eng ganz Rëtsch vu Skandaler, déi an den 1990er Jore public goufen, implodéiert war, huet de Cossiga versicht, eng nei mëtt-riets Partei, d'Unione Democratica per la Repubblica (UDR) z'etabléieren. Doraus gouf awer net vill, a sou ass hien 2002 vu sengem Senatoresëtz op Liewenszäit zeréckgetrueden.

Um Spaweck änneren

Commons: Francesco Cossiga – Biller, Videoen oder Audiodateien