Giambattista Donati

italieeneschen Astronom

Den Giambattista Donati (och Giovanni Battista Donati), gebuer de 16. Dezember 1826 zu Pisa a gestuerwen den 19. September 1873 zu Florenz war en italieeneschen Astronom.

Giambattista Donati
Gebuer 16. Dezember 1826
Pisa
Gestuerwen 20. September 1873
Florenz
Doudesursaach Cholera
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit vu Pisa
Aktivitéit Astronom
Member vun Accademia Nazionale delle Scienze

Den Donati huet no sengem Studium op der Universitéit vu Pisa seng wëssenschaftlech Lafbunn 1852 als prakteschen Astronom am Observatoire zu Florenz ënner der Leedung vum Giovanni Battista Amici ugefaangen. 1864 ass hien den Nofollger vum Amici ginn. Den Donati entdeckt tëscht de Joren 1854 a 1864 sechs Koméiten, dorënner 1858 deen no him genannten Donati-Koméit (C/1858 L1). De Koméit hat een iwwergrousse Schwanz, deen den hallwen Himmel ageholl huet. Et war den hellste Koméit vum 19. Joerhonnert. Déi total Sonnendäischtert vum Joer 1860 huet hien a Spuenien observéiert.

Hien huet d'Regierung iwwerzeegt, en neien Observatoire um Hiwwel vun Arcetri bei Florenz opzeriichten, deen tëscht 1860 an 1872 gebaut gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Observatoire vun Arcetri.
.

Den Donati huet sech och mam Fénkele vun de Fixstäre beschäftegt, mat der irregulärer Stralebriechung, mat de Stärespektren a mat der Theorie vum Polarliicht. Hien ass den 19. September 1873 un enger Epidemie gestuerwen.

Den Asteroid (16682) Donati gouf no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Giambattista Donati – Biller, Videoen oder Audiodateien