Germaine Wilmes
D'Germaine Catherine Marguerite Reuter-Wilmes, gebuer den 31. Juli 1937 an der Stad Lëtzebuerg, an och do den 11. Abrëll 2014 gestuerwen, war eng lëtzebuergesch Léierin, Molerin a Grafikerin[1].
Germaine Wilmes | |
---|---|
Gebuer |
31. Juli 1937 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
11. Abrëll 2014 Bouneweg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schoulmeeschter, Moler, Graphiker |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Liewen a Wierk
ännerenD'Germaine Wilmes war d'Duechter vum Comptabel Jean Wilmes an der Margareta Johanna Heintz. Si huet eng Formatioun als Léierin gemaach. 1959 huet si sech mam Fernand Reuter (1936-1998) bestuet, deen och Schoulmeeschter an do dernieft Schrëftsteller war[2].
D'Germaine Wilmes ass a Coursë vun der Summerakademie an der Stad Lëtzebuerg gaangen, ma war als Kënschtlerin haaptsächlech Autodidaktin. Se huet Landschaften, Blummen an Theemaen aus hirer eegener Fantasie gemoolt. 1963 gouf si Member vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL)[3], a méi spéit beim ARC (Art contemporain du Grand-Duché de Luxembourg) a bei der Académie européenne des arts[4], an huet bei verschiddenen Ausstellungen dovun ausgestallt. 1975 hat se hir éischt Eenzelausstellung an der Galerie Bradtké an der Stad[5]. Nieft der Molerei huet si och an der Graphik geschafft. Si huet hir Graphiken ë. a. 1996, zesumme mat anere Graphiker, wourënner de Roger Bertemes, d'Carine Kraus an d'Annette Weiwers-Probst, op der Graphik-Biennale vum CAL ausgestallt[6]. 2000 huet si op der Biennale de la gravure matgemaach[1].
D'Germaine Wilmes ass am Alter vu 76 Joer gestuerwen.
Auszeechnungen
änneren- 1984 Prix de France
- 1989 Prix d'encouragement, Arts et Loisirs
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Eropsprangen op: 1,0 1,1 "Germaine Wilmes", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
- ↑ Claude D. Conter, "Fernand Reuter", Luxemburger Autorenlexikon, Centre national de littérature.
- ↑ Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxemburg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0
- ↑ Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxembourg: Éditions Saint-Paul. p. 373. ISBN 2-87963-382-6.
- ↑ Exposition à la Galerie Bradtké", Luxemburger Wort, 18. Mäerz 1975; "Germaine Reuter-Wilmes", Luxemburger Wort, 22. Mäerz 1975.
- ↑ "Grafik im Mittelpunkt", Revue, 17. Januar 1996.
Dësen Artikel gouf als Iwwersetzung vun (nl) Germaine Wilmes, an der Versioun vum 09.12.2024, ugeluecht; Auteure bis dohi stinn do am Versiounshistorique.