Gerd Müller
De Gerhard ("Gerd") Müller, gebuer den 3. November 1945 zu Nördlingen, a gestuerwen de 15. August 2021[1], war en däitsche Foussballspiller.
Gerd Müller | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gerhard Müller |
Gebuer | 3. November 1945 |
Gestuerwen | 15. August 2021 |
Doudesursaach | Alzheimer |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Gréisst | 176 cm |
Gewiicht | 77 kg |
Veräin/Ekipp |
FC Bayern München, Däitsch Foussballnationalekipp |
Mat 365 Goler a 427 Matcher huet hie bis haut (2021) de Rekord vun de meeschte Goler an der Foussball-Bundesliga, wat him de Spëtznumm Bomber der Nation agruecht huet. Hie gëlt als ee vun de beschte Stiermer vun allen Zäiten.
Hien huet beim TSV 1861 Nördlingen ugefaange mat Spillen. A senger Zäit beim FC Bayern München (1964 bis 1979) huet de Müller véier Mol den däitsche Championnat, véiermol den DFB-Pokal, dräimol d'Europäesch Coupe vun de Landesmeeschter, eng Kéier d'Europäesch Coupe vun de Coupegewënner an eemol d'Weltcoupe gewonnen. Mat der däitscher Nationalmannschaft gouf hein 1972 Europa- an 1974 Weltmeeschter.
1979 ass hien a Florida bei d'Fort Lauderdale Strikers spille gaangen, 1981–1982 bei d'Smith Brothers Lounge a vun du bis 1984bei den German-American Soccer Club.
No senger Carrière als Spiller war hie vun 1992 bis 2014 Co-Trainer vun der 2. Ekipp vum FC Bayern München.
Um Spaweck
ännerenCommons: Gerd Müller – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ "FC Bayern: Die Fußballwelt trauert um Gerd Müller (75†)." welt.de, 2021-08-15.