D'Georgette Ciselet, gebuer zu Antwerpen den 21. August 1900, a gestuerwen den 31. August 1983 zu Braine L'Alleud,[1] war eng belsch Feministin, Affekotin a Politikerin.

Georgette Ciselet
Gebuer 21. August 1900
Antwerpen
Gestuerwen 31. August 1983
Braine-l’Alleud
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Affekot, Politiker, Fraerechtler

No engem Universitéitsstudium zu Bréissel gouf si 1923 als Affekotin vereedegt. Si huet sech duerno a verschiddene Feministenorganisatiounen engagéiert, mat deene si besonnesch déi rechtlech Mannerjäregkeet vun der Fra bekämpft huet.

Den 1. Februar 1928 huet si mat der Marcelle Renson an der Louise De Craene-Van Duuren de Groupement Belge de la Porte Ouverte gegrënnt, deem säin Haaptuleies d'Gläichberechtegung vu Mann a Fra war.

1929 huet si sech mam Affekot a Schrëftsteller Henry Wagener bestuet, deen ënner dem Pseudonym Henry Soumagne geschriwwen huet.

An den drësseger Jore war si Matredaktesch vun der Revue Égalité. Si huet en ettlech Wierker op de Pabeier bruecht, dorënner La femme, ses droits et ses revendications.

Vun 1935 un war se mat der Maria Baers, der Isabelle Blum an der Jeanne Vandervelde Member an der Kommissioun fir Fraenaarbecht. E vun den Haaptsuccèse vun där Kommissioun war, datt vum Mee 1936 un d'Fraenaarbecht an de Kuelegrouwen, an an an de Steebréch verbuede gouf.

1946 gouf si duerch Kooptioun Senatrice a souz bis 1961 am belsche Senat. Do huet si et fäerdeg bruecht datt verschidde Gesetzer fir Gläichberechtegung vun der Fra gestëmmt goufen, wéi z. B. Datt Frae konnte Magistrat oder Nottär ginn. E puermol huet si d'Belsch bei de Vereenten Natioune vertrueden.

1963 gouf si als Nofollgerin vum Maurice Vauthier, déi éischt Fra déi an de belsche Staatsrot genannt gouf, a si gouf Commandeur vum Ordre de Léopold.

Referenzen änneren

  1. Éliane Gubin: Dictionnaire des femmes belges, XIXe et XXe siècles, Éditions Racine, 2006, S.102-103.