De Georges Gudenburg, gebuer 1964 zu Buerglënster, ass e lëtzebuergeschen Affekot an DP-Politiker.

Biographe änneren

De Georges Gudenburg ass zu Diddeleng an zu Iechternach opgewuess, wou hien am Lycée classique d'Echternach am Internat war. Duerno huet hien op der Universitéit Stroossbuerg Droit mam Schwéierpunkt op Handels- a Firmerecht studéiert.

Nodeem hien 1989 säin Diplom krut, huet hien ugefaangen op der Spuerkeess ze schaffen, wou hien a relativ kuerzer Zäit Chef vum Private-Banking an domat vun 140 Mataarbechter gouf. 12 Joer ass hien do bliwwen, dunn ass hie Partner an enger op Banken-, Fonds- an Versécherungsrecht spezialiséierter Wirtschaftskanzlei ginn.

An den uechtzeger Joren ass de Georges Gudenburg Member vun der JDL ginn, fir déi hien och Tresorier war. Hie war President vun den Etudiants libéraux.

Vun 2001 bis 2005 war hie Member am Gemengerot vu Jonglënster. Vun 2004 bis 2006 war hie Vizepresident vun der DP a vun 2006 bis 2010 war hien hire Generalsekretär.

Hie war 5 Joer fräie Mataarbechter vum Luxemburger Wort, wou hien d'Rubik Die Woche an den Märkten geschriwwen huet.

2005 huet hien d'Buch Aménagement communal et développement urbain verëffentlecht.

Hien ass bestuet, huet dräi Kanner a wunnt zu Buerglënster.

Bibliographie änneren

  • 2005: Aménagement communal et développement urbain, Promoculture, Lëtzebuerg, 408 Säiten,[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.codex-online.com/codex/presses.nsf/727705C96AD60F05C225707C007B91D0/$file/codex_juillet-aout.pdf