Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem US-Generol a Minister George Marshall. Fir de Filmregisseur, kuckt wgl. George Marshall (Regisseur).


Den George Catlett Marshall, Jr., gebuer den 31. Dezember 1880 zu Uniontown, am Pennsylvania, a gestuerwen de 16. Oktober 1959 zu Washington, D.C., war e US-amerikanesche Generol a Staatsmann.

George Marshall
Gebuertsnumm George Catlett Marshall
Gebuer 31. Dezember 1880
Gestuerwen 16. Oktober 1959
Washington
Nationalitéit USA
Educatioun Command and General Staff College
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Offizéier, American-Football-Spiller, Zaldot
Partei keng

Wärend dem Zweete Weltkrich huet hien all déi alliéiert Operatiounen an Europa an am Pazifik koordinéiert. De Winston Churchill huet hien den "Organisateur vun der alliéierter Victoire", d'Time Magazine mouch hien 1943 "Man of the Year".

1947 gouf hien ënnert dem President Harry S. Truman Ausseminister vun de Vereenegte Staaten. De 5. Juni 1947 huet hien an enger Ried den European Recovery Program vun der US-Regierung virgestallt, wéi Europa nees op d'Been komme sollt.

Hien ass virun allem fir dëse Plang bekannt ginn, deen no him Marshallplang genannt gouf, a fir deen en 1953 de Friddensnobelpräis an 1959 de Karlspräis krut.

Zu sengen Éiere gouf um Verluerekascht an der Stad eng Strooss no him genannt (Rue George C. Marshall).

Autobiographie änneren

  • George C. Marshall: Memoirs of My Services in the World War, 1917–1918. Edited by James L. Collins, Jr. Boston: Houghton Mifflin, 1976. ISBN 978-0-395-20725-3

Literatur änneren

  • Forrest C. Pogue: George C. Marshall, 4 Bände, Viking, New York 1963–1987 (autoriséiert Biographie).
    • Vol. I, Education of a General, 1880–1939
    • Vol. II Ordeal and Hope, 1939–1942;
    • Vol III, Organizer of Victory, 1943–1945;
    • Vol IV, Statesman, 1945–1959. Random House Value Publishing, 1992, ISBN 978-0-517-07993-5
  • Ed Cray: General of the Army: George C. Marshall, Soldier and Statesman. Cooper Square Press, 2000, ISBN 0-8154-1042-5
  • Mary Sutton Skutt: George C. Marshall: Man Behind the Plan. Blue Valley Books, Lexington VA 2004

Um Spaweck änneren

Commons: George Marshall – Biller, Videoen oder Audiodateien