De Johann Georg Elser, gebuer de 4. Januar 1903 zu Hermaringen, Württemberg, a gestuerwen den 9. Abrëll 1945 am KZ Dachau, war en däitsche Resistenzler géint den Nationalsozialismus.

Georg Elser
Gebuertsnumm Johann Georg Elser
Gebuer 4. Januar 1903
Hermaringen
Gestuerwen 9. Abrëll 1945
KZ Dachau
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Zammermann, Schräiner, Resistenzler

Hien hat den 8. November 1939 am Münchener Bürgerbräukeller e Bommenattentat op den Hitler an aner Membere vun der NS-Féierung gemaach. Den Elsner gouf nach den nämmlechten Owend op der däitsch-schwäizerescher Grenz verhaft. Ouni Prozess gouf hien an d'KZ Sachsenhausen agespaart, duerno op Dachau verluecht, wou hie kuerz viru Krichsenn op Uerder vum Hitler duerch Genéckschoss vun der SS ermuert gouf.

Literatur änneren

  • Haasis, Hellmut G.: Den Hitler jag ich in die Luft. Der Attentäter Georg Elser; Verlag Lutz Schulenburg, Hamburg, 2009, 383 S. ISBN 978-3894016067

Audio änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Georg Elser – Biller, Videoen oder Audiodateien