Gentingen ass eng Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz (Däitschland). Gentingen ass en Deel vun der Verbandsgemeng Südeifel.

Gentingen
D'Johanneskierch bei der Our
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng Südeifel
Awunner 95
 (31. Dezember 2022)
Fläch 420 ha
Héicht 194 m
Koordinaten 49°54'5"N, 6°14'9"O
Telefonszon 06566
Postcode 54675
Websäit http://www.suedeifelinfo.de

Geographie änneren

D'Uertschaft läit direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg um Grenzfloss Our.

Rued op der Our läit 3 km nërdlech, 2 km flossof läit Ammeldingen op der Our. Op Lëtzebuerger Säit ass d'Uertschaft Bëttel 4 km nordwestlech ze fannen, Héischdref 2 km südlech.

Geschicht änneren

1096 geet fir d'éischt rieds vu Gentingen ënner dem Numm Gichelinga an engem Dokument vun der Abtei Iechternach. An engem aneren Dokument heescht d'Uertschaft 1282 Gemptingen. Si huet zu der Grofschaft Veianen gehéiert, gouf 1794 franséisch a vun 1815 un preisesch. Nom Éischte Weltkrich gouf d'Uertschaft eng Zäit laang vun de Fransouse verwalt.

Kuckeswäertes änneren

Gentingen huet e grousse Camping an eng Kierch mat engem Schëff a mat engem romaneschen Tuerm, d'Johanneskirche, déi aus dem 17. Joerhonnert staamt.

Um Spaweck änneren

 
Gentingen, wann ee vu Ruet kënnt - 7. Oktober 2008
Commons: Gentingen – Biller, Videoen oder Audiodateien