Gebrannte Bësch (Rëmeleng)

Bësch zu Rëmeleng
(Virugeleet vu(n) Gebrannte Bësch)

De Gebrannte Bësch ass eng Plaz um Flouer zu Rëmeleng, e klenge Bësch vun 2 ha nërdlech vum Hädterwee (rue de la bruyère), nieft dem Parking vum Fitnessparcours.

Gebrannte Bësch
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Rëmeleng
Koordinaten 49° 27’ 25.40’’ N
      06° 00’ 45.60’’ O

Dem Prof. Jos Hess no hunn eenzel Evenementer ni zu engem Flouernumm gefouert. De Prof. Nic. van Werveke komplettéiert, datt hie festgestellt huet datt wann e Flouer als schwaarz oder gebrannt bezeechent gëtt, da geet et dacks ëm Lännereien, an deenen Iwwerreschter aus gallo-réimescher Zäit ze fanne sinn. Vu datt Rëmeleng an där Zäit scho besiidelt war, schéngt déi Erklärung net onwarscheinlech, och wa bis ewell nach keng sou Iwwerreschter do fonnt goufen.

Nom Éischte Weltkrich gouf do als Erënnerungszeechen e Bam an de Landesfaarwe gerëscht a mat enger Opschrëft als Fräiheetsbam bezeechent. Eng vun de Bänken déi de Syndicat d'initiative opgestallt huet ass d'"Ligebänk"[1], well op hir dacks Freieren hire Freiesche sou munnech Ligen erzielt hunn oder Versprieche ginn hunn déi se net ëmmer gehalen hunn.

Referenzen änneren

  1. Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957