D'Gare vu Fléron war eng belsch Gare op der fréierer Eisebunnstreck Chênée-Plombieres zu Fléron, tëscht der Gare vu Beyne an där vu Retinne.

Gare vu Fléron
D'Gare ëm 1900
Land Belsch
Provënz Provënz Léck
Gemeng Fléron
Uertschaft Fléron
Koordinaten 50°36'43"N, 5°40'37"O
Charakteristiken
Linn Linn 38
Chênée-Plombières
Gleiser 0 (fréier 2)
Quaien 0 (fréier 2)
Héicht 255 m
Geschicht
Opgaangen 15. Juli 1872
Zougemaach 2. Juni 1957

Se gouf 1872 vun der Compagnie des chemins de fer du plateau de Herve a Betrib geholl. 1895, gouf se sou wéi och d'Streck vun de Chemins de fer de l'État belge iwwerholl an 1957 vun der SNCB zougemaach.

D'Gebai vun der Gare steet net méi, op der Plaz si Parkplazen an eng Bushalt. De Gidderschapp steet nach a gëtt vun engem Holzhandel als Remise benotzt.