Gare vu Retinne

Gare op der Linn 38


D'Gare vu Retinne war eng belsch Gare op der fréierer Eisebunnstreck Chênée-Plombieres zu Retinne, tëscht der Gare vu Fléron an där vu Micheroux. Tëscht der Gare vu Retinne an där vu Micheroux louch nach d'Halt vum Hasard.

Gare vu Retinne
Land Belsch
Provënz Provënz Léck
Gemeng Fléron
Uertschaft Retinne
Adress Avenue L. Gilys
Koordinaten 50°37'30,20"N, 5°42'21,19"O
Charakteristiken
Linn Linn 38
Chênée-Plombières
Gleiser 0 (fréier 2)
Quaien 0 (fréier 1)
Héicht 263 m
PK 13,3
Geschicht
Opgaangen 15. Juli 1872
Zougemaach 2. Juni 1957

Se gouf 1872 vun der Compagnie des chemins de fer du plateau de Herve a Betrib geholl. 1895, gouf se sou wéi och d'Streck vun de Chemins de fer de l'État belge iwwerholl an 1957 vun der SNCB zougemaach.

D'Gebai vun der Gare steet nach an et ass e Restaurant dran. An engem rezenten Ubau si Versammlungsraim.