Gare vu Beyne
D'Gare vu Beyne war eng belsch Gare op der fréierer Eisebunnstreck Chênée-Plombieres zu Beyne, tëscht der Gare vu Bois-de-Breux an där vu Fléron. Tëscht Beyne a Fléron louch um hallwe Wee nach d'Halt vu Romsée.
D'Gare vu Beyne (2014) | |
Land | Belsch |
---|---|
Provënz | Provënz Léck |
Gemeng | Beyne-Heusay |
Uertschaft | Beyne |
Koordinaten | 50°37'6"N, 5°39'24"O |
Charakteristiken | |
Linn |
Linn 38 Chênée-Plombières |
Gleiser | 0 (fréier 2) |
Quaien | 0 (fréier 2) |
Héicht | 235 m |
PK | 9,00 |
Geschicht | |
Opgaangen | 15. Juli 1872 |
Zougemaach | 2. Juni 1957 |
Se gouf 1872 vun der Compagnie des chemins de fer du plateau de Herve a Betrib geholl. 1895, gouf se sou wéi och d'Streck vun de Chemins de fer de l'État belge iwwerholl an 1957 vun der SNCB zougemaach.
D'Gebai vun der Gare steet nach do an am Gebai hu verschidde Gemengeservicer hir Büroen.