Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gaalgen als Instrument fir eng Hiriichtung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.. Gaalgen (Homonymie).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Gaalgen (vum alen Héichdäit.. Galgo = Bampotto) ass e Dispositif fir d'Doudesstrof duerch en Henker ze vollzéien an zwar duerch de Strack. D'Gaalge goufe fréier baussent den Uertschaften op engem héije Punkt opgeriicht. Dorun erënneren och nach zu Lëtzebuerg Bezeechnunge vun e puer Koppen, wéi Gaalgebierg (Bieles, Esch-Uelzecht oder Keel) oder Lieu-diten, wéi z. B. am Gaalgen zu Fréiseng.

Nobau vun engem historesche Gaalgen am Tombstone Courthouse State Historic Park, Arizona

De Gaalgen an der lëtzebuergescher Literatur änneren

An der lëtzebuergescher Literatur mécht de Michel Rodange a sengem Renert Allusioun un de Gaalgen. Am drëtte Gesank schreift hien:

De Kinnek léisst eech roufen;
Dir sid him stoark verklot,
En hiërt eech gär selwer,
A wat dir doarzou sot.

Mä wann dir net gifft kommen,
Da gif äert Schlooss besat,
Dir giift geholt, gestrooft geen,
Mam Gaalgen a mam Rad.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gaalgen – Biller, Videoen oder Audiodateien