Günter Herrmann (Foussballspiller 1939)

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Günter Herrmann, gebuer den 11. September 1939 zu Tréier, ass en däitsche Foussballspiller op der Mëttelfeld-Positioun[1].

Günter Herrmann
Gebuer 1. September 1939
Tréier
Gestuerwen 22. Juli 2023
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Karlsruher SC,
FC Schalke 04,
Däitsch Foussballnationalekipp,
Karlsruher SC

Den Herrmann huet seng Profiscarrière 1955 am Foussballclub Eintracht Tréier ugefaangen. Vun 1959 bis 1963 huet hien am Karlsruher SC gespillt, an duerno war hie vun 1963 bis 1967 am FC Schalke 04, vun 1967 bis 1968 erëm zu Karlsruhe, a vun 1968 bis 1975 wéi en opgehalen huet mat spillen, war hie beim Schwäizer FC Sion[1].

Vun 1960 bis 1967 war hien am Kader vun der däitscher Foussballnationalekipp. Den Haapttrainer Sepp Herberger hat grouss Hoffnunge fir den Herrmann, awer hat de Spiller net genuch Ambitioune fir d'Carrière an der Nationalekipp, a sou huet hie just néngmol am Team gespillt[2].

De Günter Herrmann wunnt mat senger Fra am Schwäizer Kanton Valais. Hien huet och als Entrepeneur geschafft[2].

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 https://www.transfermarkt.com/gunter-herrmann/profil/spieler/95103
  2. 2,0 2,1 https://www.volksfreund.de/sport/fussball/eintracht-trier/was-macht-eigentlich--guenter-herrmann_aid-5423068