Gënzestrooss

Strooss vun Ettelbréck op Wolz

D'Gënzesstrooss (lokal Geenzestrooss, offiziell Route du genêt) ass d'Strooss vun Ettelbréck bis an d'Gënzestad Wolz.

Gënzestrooss
offiziellen Numm Route du genêt
Lëtzebuerger Numm Gënzestrooss
vu(n) Ettelbréck
op Wolz
Längt 28 km
Land Lëtzebuerg

Laf vun der Strooss änneren

Vun Ettelbréck geet d'Gënzestrooss iwwer d'N15 duerch Feelen an Heischent bis an den Heischterbierg. Vun do u leeft s'iwwer d'gemeinsam Streck vun der N12 / N15 duerch den Heischtergronn, laanscht d'Schlirbech an den Tunnel Këtschleedschesbierg bis op Bidscht. Iwwer d'N12 leeft se laanscht Rulljen op Wolz. Se huet eng Längt vun ca. 28 km.

Geschicht änneren

Nodeems 1949 dat éischt Gënzefest gefeiert gouf, ass d'Gënzestrooss den 2. Juni 1979 ageweit ginn. Se soll un de Gënz erënneren, deen iwwerall op den Éisleker Häng bléit.

Um Spaweck änneren

Commons: Gënzestrooss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren