Friedrich Wilhelm von Goedecke

Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Friedrich Wilhelm von Goedecke, gebuer de 26. Mee 1771 zu Dietz, an der Grofschaft Nassau, a gestuerwen den 11. Mäerz 1857 zu Neuwied an der preisescher Rhäinprovënz, war en däitschen Adlegen an Offizéier, souwéi Politiker am Déngscht vun Holland, resp. Lëtzebuerg, wéi déi a Personalunioun verbonne waren.

Friedrich Wilhelm von Goedecke
Gebuer 26. Mee 1771
Diez
Gestuerwen 11. Mäerz 1857
Neuwied
Aktivitéit Politiker, Offizéier

Um Ufank vun der Schluecht vu Waterloo war hie Colonel an hat de Kommando iwwer d'Nassauer 2. Regiment an déi hollännesch 2. Brigad. De 15. Juni, wéi d'Krichshandlungen ugefaangen hunn, huet hie sech d'Bee gebrach, sou datt et eriwwer mam Kommandéiere war[1].

Méi spéit huet hien et an der Arméi du bis zum Rang vum Generolmajouer bruecht.

Hie war de Comandant-en-Chef vun der Arméi an der Festung Lëtzebuerg.[2] 1831 gouf hie vum Gouverneur (am hollänneschen Déngscht) vu Lëtzebuerg Karl Bernhard vu Sachsen-Weimar-Eisenach zum President vun der Verwaltungskommissioun (Regierungsrot) vu Lëtzebuerg ernannt. Dës Fonctioun hat hie vum 27. Mee 1831 bis den 18. Juni 1839.[2]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. * Gareth Glover (2010): Waterloo Archive: German Sources volume 2. Frontline Books, ISBN 9781848325418 |S.159-160, 233 (footnote 321), 238}
  2. 2,0 2,1 Dr. P.J. Muller:Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Lëtzebuerg, 1968., S.219-220, S.230.