Freidesmoschee vun Isfahan

D'Freidesmoschee vun Isfahan (Farsi: مسجد جامع اصفهان), och Grouss, Al oder Jame-Moschee vun Isfahan genannt, ass eng historesch Moschee zu Isfahan. Duerch hir 1300järeg Geschicht ass se souzesoen e Musée vun der persesch-iranescher Architektur. Si huet eng Fläch vun 2 Hektar an ass déi gréisst Moschee am Iran.

Muqarnas an der Freidessmoschee.

Zesumme mat der Plaz vum Imam gouf se 2012 op d'UNESCO-Lëscht vum Weltkulturierwen agedroen.

D'Moschee gouf op dem Gemaier vu Gebaier aus virisislamescher Zäit, warscheinlech engem sassanidesche Feiertempel, gebaut.

Déi eelst Moschee gouf 772 gebaut. 840 gouf déi al Moschee zerstéiert an eng nei drop opgeriicht. Si war deemools dee gréisste wëssenschaftlechen Zentrum vun der Stad an hat eng grouss wëssenschaftlech Bibliothéik. Am 10. Joerhonnert, zu der Zäit vun den Dailamiten, gouf se ausgebaut an d'Saile vun der Fassad mat dekorativ glaséierten Zille bedeckt. Am 11. Joerhonnert goufe gréisser Ännerungen an der Architektur vun der Moschee duerchgefouert an déi nei Moschee gouf mam Bannenhaff mat véier Iwane gebaut. 1080 an 1088 goufen déi zwou dekoréiert Kuppelen, d'(Nizam al-Mulk-Kuppel an d'Tadscholmulk-Kuppel am südlechen an am nërdlechen Deel vun der Moschee ugebaut. An de Joerhonnerten dono koume weider Ännerungen an Ubaute bäi.

Galerie änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Freidesmoschee Isfahan – Biller, Videoen oder Audiodateien