D'Freya och nach Frey oder Freyja genannt (al nordesch: Fra, Härin) ass Gëttin vun der Léift, Fruchtbarkeet, vum Fréijoer a vum Gléck. Si bréngt den Asen och Zauberkënscht vun de Wane bäi. D'Freya ass vum Gëttergeschlecht vun de Wanen a koum nom Asen- a Wanekrich zesumme mat hirem Brudder dem Freyr op Asgard.

Freya fiert mat hirem Won dee vu Kaze gezu gëtt (Bild vum Nils Blommér, 1852)

Stellung an Attributer änneren

D'Freya wunnt am Folkwang zu Asgard zesumme mat hirem Mann dem Óðr. Mat him huet se zwou Duechteren an zwar d'Hnoss an d'Gersimi (Synonym fir "Kostbarkeet").

Ier d'Freya op Asgard koum war se mat hirem Brudder dem Freyr zesummen. De Mieresgott Njörd ass de Papp an d'Skadi d'Mamm. Well d'Freya Härin iwwer d'Valkyren ass, déi d'Einherjer, déi um Schluechtfeld gefale sinn asammelen an op Asgard bréngen, kritt d'Freya d'Hallschent vun den Einherjer an den Odin déi aner Hallschent.

A schwéieren Zäite steet d'Freya ganz wéi d'Frigg de Mamme bäi, woubäi d'Freya sech méi der opbléiender Léift unhëlt an och fir d'Leidenschaft an der Léift steet.[1]. Se huet och e Kleed aus Fiederen, wat bewierkt, datt wann een et undeet, ee sech an e Fallek verwandelt. Dat speziellt d'Kleed huet se dem Loki geléint, fir datt hien nom Thor sengem Hummer ka siche goen, dee geklaut a verstoppt gouf.

Weiderhin huet d'Freya eng Halsketten "Brisingamen" déi vun den Zwerge gemaach gouf an et besëtzt e Won dee vu Kaze gezu gëtt.[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Gerhard J. Bellinger: Knaurs Lexikon der Mythologie, area, Erftstad 2005, S. 154, ISBN 3-89996-270-2