Frederik IX. vun Dänemark
De Frederik IX. (mam ganzen Numm Christian Frederik Franz Michael Carl Valdemar Georg, gebuer den 11. Mäerz 1899 um Schlass Sorgenfri a gestuerwen de 14. Januar 1972 zu Kopenhagen, war vun 1947 bis zu sengem Doud, 1972, Kinnek vun Dänemark.
Frederik IX. vun Dänemark | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 11. Mäerz 1899 |
Gestuerwen | 14. Januar 1972 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Dänemark |
Educatioun | Universitéit vu Kopenhagen |
Aktivitéit | Monarch, Museker |
Famill | |
Papp | Christian X. vun Dänemark |
Kanner | Margrethe II. vun Dänemark |
Hie war deen eelste Jong vum spéidere Kinnek Christian X. an der Alexandrine von Mecklenburg-Schwerin.
1935 huet hie sech mat der Ingrid vu Schweden (1910–2000) bestuet. Si kruten dräi Duechteren:
- d'Margrethe (* 1940), ∞ Henri de Laborde de Monpezat; gouf nom Frederik senem Doud als Margrethe II. Kinnigin vun Dänemark;
- d'Benedikte (* 1944), ∞ Richard zu Sayn-Wittgenstein-Berleburg
- d'Anne-Marie (* 1946), ∞ Konstantin II. vu Griicheland
Um SpaweckÄnneren
Commons: Frederik IX of Denmark – Biller, Videoen oder Audiodateien |