Christian X. vun Dänemark


De Christian X. (Christian Carl Frederik Albert Alexander Vilhelm; islännesch Kristjan), gebuer de 26. September 1870 um Schlass Charlottenlund, a gestuerwen den 20. Abrëll 1947 zu Kopenhagen, war vun 1912 bis 1947 Kinnek vun Dänemark an a Personalunioun vun 1918 bis 1944 Kinnek vun Island.

Christian X. vun Dänemark
Titelen
Kinnek vun Dänemark
Zäit 1912 bis 1947
Virgänger Frederik VIII. vun Dänemark
Nofollger Frederik IX. vun Dänemark
Biographie
Gebuer 26. September 1870
Gestuerwen 20. Abrëll 1947
Kanner Frederik IX. vun Dänemark

De Christian X. war deen eelste Jong vum Frederik VIII. vun Dänemark a senger Fra, der Louise vu Schweden-Norwegen. Säi kleng Brudder war als Haakon VII. Kinnek vun Norwegen.

De Christian X. war mat der Alexandrine vu Mecklenburg-Schwerin bestuet; d'Koppel hat zwéi Jongen:

  • Frederik IX. (* 11. Mäerz 1899: † 14. Januar 1972), Kinnek vun Dänemark
  • Knut Christian (* 27. Juli 1900; † 14. Juni 1976), Ierfprënz vun Dänemark

Hie war de Grousspapp vun der Kinnigin Margrethe II.

Um Spawweck änneren

Commons: Christian X. vun Dänemark – Biller, Videoen oder Audiodateien