Christian X. vun Dänemark
Kinnek vun Dänemark (1912-1947) an Island (1918-1944)
(Virugeleet vu(n) Christian X.)
De Christian X. (Christian Carl Frederik Albert Alexander Vilhelm; islännesch Kristjan), gebuer de 26. September 1870 um Schlass Charlottenlund, a gestuerwen den 20. Abrëll 1947 zu Kopenhagen, war vun 1912 bis 1947 Kinnek vun Dänemark an a Personalunioun vun 1918 bis 1944 Kinnek vun Island.
Christian X. vun Dänemark | |
---|---|
Titelen | |
Kinnek vun Dänemark | |
Zäit | 1912 bis 1947 |
Virgänger | Frederik VIII. vun Dänemark |
Nofollger | Frederik IX. vun Dänemark |
Biographie | |
Gebuer | 26. September 1870 |
Gestuerwen | 20. Abrëll 1947 |
Geschwëster | Ingeborg vun Dänemark |
Kanner | Frederik IX. vun Dänemark |
De Christian X. war den eelste Jong vum Frederik VIII. vun Dänemark a senger Fra, der Louise vu Schweden-Norwegen. Säi klenge Brudder war als Haakon VII. Kinnek vun Norwegen.
De Christian X. war mat der Alexandrine vu Mecklenburg-Schwerin bestuet; d'Koppel hat zwéi Jongen:
- Frederik IX. (* 11. Mäerz 1899: † 14. Januar 1972), Kinnek vun Dänemark
- Knut Christian (* 27. Juli 1900; † 14. Juni 1976), Ierfprënz vun Dänemark
Hie war de Grousspapp vun der Kinnigin Margrethe II.
Um Spaweck
ännerenCommons: Christian X. vun Dänemark – Biller, Videoen oder Audiodateien |