Fransousemonument zu Maartel

D'Fransousemonument zu Maartel ass e Krichsmonument vum Éischte Weltkrich zu Maartel laanscht der aler Baaschtnecher Strooss am Stouss fir op d'Kopp vu Warnach. Et erënnert un en Evenement bei deem zwéi Fransousen deemools hiert d'Liewe gelooss hunn.

Fransousemonument zu Maartel

Geschicht [1] änneren

An den éischten Deeg vum 1. Weltkrich waren däitsch Truppen zu Roumecht ukomm an hir Eclaireuren an hir beridden Trupp, d'Uhlanen, hunn op der Grenz Patrull gemaach.

De 7. August 1914 ass eng franséisch Opklärergrupp, an zwar déi 3. Schwadroun vum 9. Dragounerregiment vun Neufchâteu, an Direktioun Wolwen virgestouss. Um Réckmarsch goufen zwéin Eclaireuren, de Bridadier Martel an de Reider Pecchini, vun den Uhlanen déi op de Koppe patrulléiert sinn, ëmbruecht.

Se goufen um Kierfecht vu Maartel begruewen, an nom Krich den 3. Mee 1921 op Vaucresson rapatriéiert.

D'Fédération nationale des Combattants huet op der Plaz wou se gefall sinn e Monument opriichte gelooss, dat den 31. August 1924 ageweit gouf.

Referenzen änneren

  1. Quell: Plack nieft dem Monument