Frank Wolff (Veterinär)

De Fränk Wolff, gebuer den 13. September 1940 zu Dikrech[1] a gestuerwen den 30. August 1990[2] am Departement de la Vaucluse, war e lëtzebuergesche Veterinär an DP-Politiker.

Hien huet sech um Enn vun den 1960er Joren zu Wolz als Veterinär etabléiert.

Bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 gouf hien als Deputéierte fir d'Demokratesch Partei an d'Chamber gewielt. Wéi hien den 1. Januar 1978 zum Veterinärinspekter am Staatslaboratoire ernannt gëtt réckelt d'Marthe Thyes-Walch fir d'DP als Deputéiert an d'Chamber no.

Hie war och President vum Collège vétérinaire du grand-duché de Luxembourg.[3]

Referenzen änneren

  1. De Fränk Wolff an der Datebank op www.deltgen.com gekuckt de 26. Juni 2022
  2. Noruff op de Fränk Wolff am Lëtzebuerger Land vum 7. September 1990 op eluxemburgensai.lu gekuckt den 22. Juni 2022
  3. Historique | College Veterinaire. www.collegeveterinaire.lu. Gekuckt de(n) 2022-06-26.