Frank McCourt
De Francis „Frank“ McCourt, gebuer den 19. August 1930 zu New York City an och do gestuerwen den 19. Juli 2009, war en US-amerikanesche Schrëftsteller vun ireschen Originnen.
Frank McCourt | |
---|---|
Gebuertsnumm | Francis McCourt |
Gebuer |
19. August 1930 Brooklyn |
Gestuerwen |
19. Juli 2009 Manhattan |
Doudesursaach | Melanom |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | New York University |
Aktivitéit | Enseignant, Schrëftsteller, Autobiograph, Dréibuchauteur, Romancier |
De Frank McCourt koum zu Brooklyn, New York, op d'Welt. Wéi e 4 Joer al war, ass e mat senger Famill an Irland emigréiert, wou seng Elteren hier waren. En ass do ënner aarme Konditiounen zu Limerick opgewuess; säi Papp hat dacks keng Aarbecht an huet gedronk, an ass, wéi de Frank 10 Joer al war, an England schaffe gaangen, soudatt de Frank a seng Mamm Angela hu misse fir sech an déi aner Gesëschter suergen. Des Episod huet en 1996 a sengem autobiographesche Roman Angela's Ashes erzielt, dee säi bekanntst Wierk ass. Et gouf mat iwwer 6 Mio verkaaften Exemplairen zu engem internationale Bestseller, krut 1997 de Pulitzer-Präis a gouf 1999 vum Alan Parker ënner dem selwechten Titel verfilmt.
1949 hat de Frank McCourt genuch zesummegespuert, fir nees an Amerika hannescht ze goen. E goung do bei d'Arméi, an huet zu New York studéiert. Hie gouf Engleschprof an huet och kreatiivt Schreiwen ënnerriicht.
Och seng 2 aner Romaner; 'Tis (1999) an Teacher Man. A Memoir hu vu sengen Erliefnesser erzielt.
Um Spaweck
ännerenCommons: Frank McCourt – Biller, Videoen oder Audiodateien |