Solistes Européens Luxembourg

D'Solistes Européens Luxembourg (kuerz: SEL) ass e Lëtzebuerger Orchester vu klassescher Musek, deen 1989 vum Eugène Prim gegrënnt gouf[1].

Den éischte Concert war den 20. September 1989 zu Lëtzebuerg. Den Orchester stoung 20 Joer laang ënner der Direktioun vum Jack Martin Händler, dee virun allem Musek aus dem Repertoire vun der Wiener Klassik gespillt huet. 2009 huet de Verwaltungsrot decidéiert, dem Händler säi Vertrag net méi ze verlängeren. Nofollger gouf de Christoph König.[2]

D'Museker kommen aus ganz Europa an dinn sech reegelméisseg zesumme fir Concerten ze spillen oder Musekopnamen ze maachen. Zu Lëtzebuerg spillen s'an der Philharmonie d'Zyklen Concerts du lundi an trieden op de Musekfestivaller vu Wolz a vun Iechternach op.[3]

Donieft spille se op Concerten uechter d'Welt an huelen der op fir Radio an Televisioun. Bis ewell hunn d'Solistes Européens, Luxembourg eng 100 CDen opgeholl, dorënner d'integral Londoner Sinfonië vum Joseph Haydn a 7 DVDen.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Eugène Prim: Ein starker Abschied aus der Kraft zum Wandel op wort.lu vum 7.Dez. 2023
  2. "Retter in der Krise." Revue 28. Mäerz 2010.
  3. 3,0 3,1 "L'orchestre" op sel.lu (gekuckt 2013-09-28).