François Boch
De François Boch[1],[2], gebuer 1700, a gestuerwen 1754, war en industrielle Pionéier. Hien huet zu Lëtzebuerg d'Faïence-Industrie opgebaut.
François Boch | |
---|---|
Gebuer | 1700 |
Gestuerwen | 1754 |
Aktivitéit | Handwierker, Geschäftspersoun |
![]() |
Hie war am Ufank Eisegéisser a Waffeschmadd an huet ënner anerem Kanounekugele gegoss. 1748 huet en zu Däitsch-Oth eng Parzeläinsmanufaktur zesumme mat senge Bridder opgeriicht mam Numm "Jean-François Boch et Frères", aus där spéider Villeroy & Boch entstanen ass.
De François Boch war mat der Jeanne Françoise Barbe Pierre bestuet, déi 1746 gestuerwen ass.
Kuckt och
änneren- Famill Boch
- Jean Boch-Buschmann, no deem d'rue Jean-François-Boch genannt gouf
Referenzen
änneren- ↑ Genealogie vun der Famill Boch Archivéiert de(n) 29.07.2010. Gekuckt de(n) 29.08.2009.
- ↑ Websäit vun der Faiencerie